Al Bréck

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Passerelle iwwert dem Péitruss-Dall

D'Al Bréck och nach Passerelle, oder Viaduc genannt, ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Alstad mam Garer Quartier verbënnt. Si huet eng Längt vun 308,40 Meter a besteet aus 26 Béi (vun deenen der haut e puer verstoppt sinn). D'Feldwäite vun de Béi variéieren tëscht 8 a 15 Meter an d'Bréck ass 45 Meter héich.

D'Pläng vun der Bréck goufe vun den Ingenieure vum Guillaume-Luxembourg, Achille Grenier an Auguste Letellier, gemaach. Se gouf vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut; de Grondstee gouf de 5. Oktober 1859 geluecht. Fir de Verkéier goung d'Bréck den 29. August 1861 op.
Bei Renovéierungsaarbechte gouf se 1960 fir den ëmmer méi héije Verkéier méi breet gemaach.

Well während dem Bau vun der Bréck eng hëlzen Noutbréck, eng Passerelle, opgeriicht gi war, huet och déi fäerdeg Bréck deen Numm kritt a bis haut behalen.

Den Numm Al Bréck krut se, wéi ugangs 1900 d'Nei Bréck, nämlech d'Adolphe-Bréck, gebaut gouf.

[änneren] Fotoen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen