Al Ginter

Vu Wikipedia
Al Ginter
Gebuer 18. Juli 1960
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Batteur

Den Al Ginter, gebuer den 18. Juli 1960, ass e Lëtzebuerger Batteur, Perkussionist, Sänger a Schauspiller. Hien huet bis 2020 als Professer fir Drumset um Stater Conservatoire Course ginn a schafft reegelméisseg bei anere Produktiounen, sief et musikalescher oder schauspielerescher Natur mat.

Säi Studium huet en um Stroossbuerger Conservatoire National de Région mat der Médaille d'Or ofgeschloss. Duerno war hien op der Frankfurter Musikwerkstatt an huet ënner anerem Jazz Drums studéiert an et stoung séier ausser Fro, datt e seng Passioun och zu sengem Beruff géif maachen.

Hien huet ënner anerem Concerten a Workshopen zu Sofia ginn. Als Member vu Luxemburg Percussion war hien an ë. a. an Australien, Bulgarien, Japan an Éisträich op Tour. Jorelaang stoung hie mat den Challengers an duerno mat de Baby Cham's op der Bün. Als Drummer a Perkussionist huet hie mat ville lëtzebuergeschen an auslännesche Museker gespillt. 1983 ass hie mam Weltorchester an Ungarn op Tour gaangen.

Nieft sengen Aktivitéiten als Museker ass hie reegelméisseg als Sänger a Schauspiller a lëtzebuergeschen Theaterstécker, Operetten (ë. a. vum Dicks) oder Musicals ze gesinn. Bis 2010 huet hien och bei der "Lëtzebuerger Revue" gespillt. Vun 2011 un trëtt den Al Ginter beim Ensemble Cabarenert op.

2012/13 war hien an der lëtzebuergescher Sitcom Comeback als Ronny Riff, an 2018 an der Sitcom Zëmmer ze verlounen als de Manager Danny Klein, ze gesinn.

Ausserdeem ass den Al Ginter Komponist, an et sinn och schonn en ettlech Wierker vun him um nationalen an internationale Marché.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012-2013: Comeback - (TV-Serie) - (24 Episoden)
  • 2019: Capitani - (TV Serie) - (12 Episoden)

Kompositiounen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]