Alain Hamer

Vu Wikipedia
Alain Hamer
Gebuer 10. Dezember 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballschiidsriichter, Privatbeamten

Den Alain Hamer, gebuer den 10. Dezember 1965 an der Stad Lëtzebuerg ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballsarbitter.

Hien huet seng Kannerzäit zu Péiteng verbruecht wou en och den éischte Kontakt mam Foussball krut an haut nach beim CS Péiteng lizenséiert ass. Hie schafft op der Raiffeisekeess a wunnt zu Waldbëlleg.

An der UEFA-Lëscht-2007 vun den internationalen Arbitteren, war hien ee vun de 24 Elite-Arbitteren.

Duerch en Accord tëscht der franséischer Foussballsfederatioun an der FLF, huet hie reegelméisseg Championnatsmatcher vun der Franséischer Ligue 1 arbitréiert.

2004 war den Alain Hamer als Arbitter selectionéiert fir bei der Foussballeuropameeschterschaft a Portugal z'arbitréieren.

Tëscht dem 27. Mee 1994 am 12. Oktober 2010 huet den Alain Hamer 37 Foussballlännermatcher als Arbitter geleet.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Lëscht vun de Lännermatcher déi den Alain Hamer arbitréiert huet