Alain Kinsch

Vu Wikipedia
Alain Kinsch
Gebuer 18. Juni 1971
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Reviseur d'entreprise


Den Alain Kinsch, gebuer den 18. Juni 1971, ass e lëtzebuergesche Wirtschaftspréifer a Member vum Staatsrot.[1]

Hien huet seng Karriär 1995 bei Arthur Andersen, ënner der Leedung vum Norbert Becker, ugefaangen. Déi Firma gouf an der Folleg vum Enron-Skandal, 2002 vun Ernst & Young, haut EY, iwwerholl. Hien huet do bis 2010 d'Private equity Branche geleet, a gouf du Managing Partner vun der Lëtzebuerger EY-Branche, a gläichzäiteg Private equity fund leader fir Europa, Afrika an de Mëttleren Osten.[2]

Verwonnerung an och alt Kritik huet seng Bedeelegung un de Koalitiounsverhandlungen, am Virfeld vun der Regierung Bettel-Schneider, ervirgeruff, well hien zwar der DP nosteet, ma net bei de Chamberwale kandidéiert hat an och soss kee politescht Mandat hat.[3]

Zanter dem 4. Februar 2015 ass den Alain Kinsch Member vum Staatsrot wou hien de Victor Gillen ersat huet. Zanter dem 17. Mäerz 2021 ass hie Vizepresident vun där Institutioun.[4]

Den 11. Mee 2022 gouf hien dem Frank Wagener säin Nofollger als President vun der Bourse vu Lëtzebuerg[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Fiche biographique op paperjam.lu.
  3. "Bettel: 'Exzellentes Klima'." tageblatt.lu, 29. Oktober 2013 18:21; Akt: 30.10.2013 08:31.
  4. Membres depuis 1856. op conseil-etat.public.lu (nogekuckt 2023-11-28).
  5. Record results and new Chairman. www.bourse.lu (11.05.2022). Gekuckt de(n) 11.05.2022.