Alain Kleeblatt

Vu Wikipedia
Alain Kleeblatt
Den Alain Kleeblatt mam Jean-Claude Juncker
Gebuer 23. Juli 1955
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

Den Alain Kleeblatt, gebuer den 23. Juli 1955 zu Esch-Uelzecht war e lëtzebuergesche Journalist an duerno parlamentareschen Attaché vun der ADR. An der Pensioun produzéiert hie Videodocumentairen ënner dem Logo 4K Films Lux.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Jong vum Mimi a Jules Kleeblatt wiisst hien zu Esch op a verbréngt en Deel vu senger Jugend am Internat (Athénée royal) zu Baaschtnech.

Mat 15 Joer geet en op d'Eisebunn als élève d'exploitation, schafft an de Garë vun Esch, Beetebuerg, Diddeleng, Bierchem a Bieles.

Nieft sengem Beruff als Eisebunner schafft hien als Korrespondent fir de Républicain Lorrain, souwuel an der Locale wéi och am Sport (Autosport, Motocross, Kampfsportarten).

Spéider entdeckt en de Computer, schreift e Comptabilitéits- a Paieprogramm a grënnt seng eege Firma Softlux déi bis zou fënnef Leit beschäftegt.

Wéi d'Firma 1999 an d'Bréch geet, geet hien haaptberufflech bei de Républicain Lorrain, a wiesselt an de Le Quotidien wéi dësen am Hierscht 2001 gegrënnt ginn ass.

Am Républicain Lorrain a spéider am Quotidien schreift den Alain Kleeblatt haaptsächlech iwwer Politik a Soziales. Am Quotidien hat en och eng reegelméisseg Autossäit (all Mëttwoch).

Hie war ausserdeem Member vum Syndicat des journalistes - Luxembourg a Member vum Conseil de presse.

Vum Dezember 2010 u bedreift en um Spaweck eng Publikatioun op Lëtzebuergesch iwwer Motoen, wou en och d'Missioun vum Chefredakter vu moto-online.lu iwwerholl hat.

An der Pensioun geet en als "Auditeur libre" a Coursen an der Geschicht an der Lëtzebuerger Sprooch. Duerno mécht en eng Formatioun als Touristeguide fir de Süden (ORT Redrock) an den Zentrum (ORT Guttland).

D'Realisatioun vun ADR-Tëlee am Fréijoer 2019 fir den .DOK bréngt hien op d'Iddi fir e selbstännege Youtube Kanal mat Dokumentatiounen iwwert Evenementer zu Lëtzebuerg ze realiséieren.

Privat ass hie Papp vun zwee Kanner, dem Sven an dem Angie, an e Motosgeck. Hien ass ausserdeem e Baha'i.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]