Alain Mertens

Vu Wikipedia
Alain Mertens
Gebuer 11. Juli 1984
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Alain Mertens, och bekannt als Alain M., gebuer den 11. Juli 1984, ass e lëtzebuergesche Liddermécher vun Diddeleng.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Schülerband Aching Mind huet hien Enn der 1990er Jore seng éischt Bünenerfarunge gesammelt. 2003, no der Opléisung vun der Grupp schreift hie Solo-Lidder a mécht bei Gruppe wéi Manali, Pandora, We are S.A.M. an Angela P mat.

2009 gesäit een hien dann op der 5. Plaz an der Finall bei Wanns de eppes kanns! vun RTL Lëtzebuerg an am Virprogramm vun der Anastacia an der Rockhal.

2011 bréngt hien d'Single Lëtzebuerg eraus, déi sech op der éischter Plaz an den Itunes Alternative Charts zu Lëtzebuerg konnt placéieren.

2018 an 2019 koumen d'EPe Reykjavik, respektiv Amsterdam eraus.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Expressiounskrich
  • 2007: The Progress
  • 2008: Vun der Long op d'Zong
  • 2010: Alain M.
  • 2011: Ech si rëm do
  • 2020: The Living Room Sessions

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2009: Wanns de eppes kanns
  • 2018: Reykjavik
  • 2019: Amsterdam

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Blame It on Me (Come on Over)
  • 2007: Who Are You?
  • 2009: Rosa Hühott
  • 2010: Right on Time (In the Wrong Place)
  • 2011: Lëtzebuerg
  • 2011: Interpretatiounsdifferenz
  • 2011: Bleiw wéis de bas
  • 2011: Mir wöllen net bleiwen wat mir sin
  • 2011: Mir sinn d'Kultur
  • 2015: Come Out to Play
  • 2017: You Mean the World to Me (Duett mam Jeneli)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]