Alain Meyer

Vu Wikipedia
Alain Meyer
Gebuer 21. November 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

Den Alain Meyer, gebuer den 21. November 1949 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Professer a fréiere Member a President vum Staatsrot.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senge Secondairesstudien am Stater Kolléisch (1969, A latine), huet den Alain Meyer franséisch Literatur op de Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg an op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert. Am Kader vum Stage pédagogique fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien eng Thees iwwer den Albert Camus, journaliste face aux problèmes de l'Algérie geschriwwen an 1975 verdeedegt.

Bis zu senger Pensioun am Joer 2010 huet hie Franséisch an Instruction civique am Stater Kolléisch enseignéiert. Vun 1978 bis 1992 huet hien och Franséisch-Coursen op der Miami University John E. Dolibois European Center ginn.

1981 gouf hie Member an der LSAP.

Bei de Gemengewalen 1993 gouf hien an der Stad Lëtzebuerg an de Gemengerot gewielt, wou hien eng Rei Joren (vum 1. Januar 1994 un) Conseiller war.

De 15. November 1991 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot, wou hien de Georges Thorn ersat huet. Den 18. Dezember 2006 gouf hie Vizepresident an den 1. Oktober 2007 President vum Staatsrot. Hien hat déi Funktioun bis de 14. November 2009.

Den Alain Meyer war vun 1983 bis 2004 Vizepresident vum israelitesche Consistoire zu Lëtzebuerg.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Les Grands rabbins du Luxembourg ; in: Ons Stad, 36/91, Ss. 20-23. [1] (id. in: GenAmi: l'association de la généalogie juive. [2]
  • La lente germination des institutions culturelles ; in: Le Conseil d'État face à l'évolution de la société luxembourgeoise ; Lëtzebuerg (Staatsrot), 2006; Ss. 407-435.
  • Réflexions sur quelques évolutions et dérives de l'enseignement secondaire ; in: annALes - d'annALe vum Staadter [sic] Kolléisch, 04 / 2010-2011, Ss. 358-360; Lëtzebuerg. Dréckerei Saint-Paul, 2011; ISBN 978-99959-631-3-2

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alain Meyer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité vum Ministère d'Etat vun 2002 op gouvernement.lu