Alain Robbe-Grillet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alain Robbe-Grillet, gebuer den 18. August 1922 zu Brest (Finistère) a gestuerwen den 18. Februar 2008 zu Caen (Calvados) war e franséische Schrëftsteller a Filmregisseur. Hie gëllt als ee vun den Haaptleit vum Nouveau Roman.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Biographie
Den Alain Robe-Grillet war e studéierten Agronom an huet am Ufank an deem Beräich geschafft. An den 1950er Joeren huet hien sech ëmmer méi der Literatur consacréiert. Säin éischte Roman war Les Gommes (1953). Hie gouf ee vun den Theoretiker a Vertreider vum Nouveau Roman; 1963 koum seng Artikelserie Pour un Nouveau Roman am L'Express eraus.
De Robbe-Grillet huet d'Dréibuch vun L'Année dernière à Marienbad, dat den Alain Resnais 1961 verfilmt huet. Seng Filmer haten dacks erotesch oder sado-masoschistesch Sujeten. Tëscht 1972 an 1997 huet en a verschiddenen Universitéiten an den USA an tëscht 1980 an 1988 op der ULB zu Bréissel Soziologie a Literatur enseignéiert.
2004 gouf en an d'Académie française gewielt, ass awer ni dohi gaangen, well en dee ganze Pomp als vereelzt fonnt huet. Seng Fra war d'Schrëftstellerin Catherine Robbe-Grillet.
[Änneren] Wierker
[Änneren] Romaner
- Un régicide (1949)
- Les Gommes (1953)
- Le Voyeur (1955) - Prix des Critiques
- La Jalousie (1957)
- Dans le labyrinthe (1959)
- La Maison de rendez-vous (1965)
- Projet pour une révolution à New York (1970)
- Topologie d'une cité fantôme (1976)
- Souvenirs du Triangle d'Or (1978)
- Djinn (1981)
- La Reprise (2001)
- Un roman sentimental] (2007)
[Änneren] Novell
- Instantanés (1962)
[Änneren] Essayen
- Pour un Nouveau Roman (1963)
- Le Voyageur, essais et entretiens (2001)
[Änneren] Autobiografesch Fiktioun
- Le miroir qui revient (1985)
- Angélique ou l'enchantement (1988)
- Les Derniers Jours de Corinthe (1994)
[Änneren] Filmographie
- 1961: L'Année dernière à Marienbad, Dréibuch an Dialogen (zesumme mat Aneren)
- 1963: L'Immortelle
- 1966: Trans-Europ-Express
- 1968: L'homme qui ment
- 1971: L'Eden et après
- 1974: Glissements progressifs du plaisir
- 1975: Le Jeu avec le feu
- 1983: La Belle Captive
- 1995: Un bruit qui rend fou, mam Dimitri de Clerq
- 2007: C'est Gradiva qui vous appelle

