Alamak
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Alamak | ||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| aner Nimm oder Katalognummeren | ||||||||||||||
|
Alamak ass den Numm vum Stär γ (gamma) Andromedae am Stärebild Andromeda.
Den Alamak ass en Duebelstäresystem an enger Distanz vun ca. 355 Liichtjoer (Hipparcos Datebank). Den Haaptstär ass en Iwwerris vun der Spektralklass K3 mat enger siichtbarer Magnitude vu +2,13m. De +5,1m helle Begleetstär steet an engem Wénkelofstand vun 9,6" bei engem Positiounswénkel vun 63 Grad vum Haaptstär.
Den Alamak kann e scho mat engem klengen Teleskop an Eenzelstären opléisen.
Koordinaten (Equinoxe 2000.0)
- Rektaszensioun: 2h03m54.00s
- Deklinatioun: +42°19'47.0"