Albéric Schotte

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sculptur zu Éiere vum Briek Schotte zu Kanegem virun der Sint-Bavokerk

Den Albéric Schotte (kuerz Briek Schotte) war e fréiere belsche Vëloscoureur. Hie gouf den 7. September 1919 zu Kanegem a Westflandern gebuer, an ass de 4. Abrëll 2004 zu Kortrijk gestuerwen.

De "Briek" Schotte, bekannt als de "Mann aus Eisen", war e professionnelle Vëloscoureur vun 1940 bis 1959. Hie war zweemol Stroosseweltmeeschter, 1948 an 1950, an huet vill klassesch Coursse gewonn.

No senger berufflecher Carrière als Coureur war hie Sportsdirekter, an huet zesumme mam Jean de Gribaldy verschidden Equippe betreit: Flandria, Sem-France Loire a Skil.

[änneren] Palmarès

  • Gewënner vum Challenge Desgrange-Colombo: 1948
  • Gewënner vum Trophée Gentil: 1948
  • Gewënner vum Trophée National du Mérite Sportif belge: 1950.
  • Arc en ciel.png Champion du monde sur route : 1948, 1950
  • Champion de Belgique des Clubs: 1946, 1947, 1957, 1958
  • Champion vu Flandern: 1941
  • Champion vum Limbourg: 1939
  • Champion vu Westflanderen: 1939
  • Tour des Flandres: 1942, 1948, 1952 (2.: 1944, 1950; 3.: 1940, 1946, 1952)
  • Paris-Tours: 1946, 1947 (2.: 1952)
  • Gand-Wevelgem: 1950, 1955
  • Paris-Bruxelles: 1946, 1952 (2.: 1953)
  • Tour du Luxembourg: 1946
  • Tour de l'Ouest: 1939
  • Grand Prix de l'Escaut: 1955
  • A travers la Belgique: 1953, 1955 (2.: 1945, 1948, 1954 ;3.: 1946, 1959)
  • La Flèche Anversoise: 1953
  • Circuit des Régions Flamandes: 1946 (3.: 1942)
  • Circuit des 5 Collines: 1951
  • Circuit des Monts du Sud-Ouest: 1952
  • Circuit des 3 Provinces: 1954
  • Prix de La Panne: 1958
  • 1 étape du Tour de France
  • 2.vum Championnat de Belgique sur route: 1946, 1948, 1950
  • 2.vum Tour de France: 1948
  • 2.vu der Flèche wallonne: 1944
  • 2. vum Het Volk: 1956 (3.: 1950)
  • 2. vu Paris-Limoges: 1955
  • 2. vum Grand Prix de la Banque: 1958
  • 3. vum Grand Prix E3: 1958
  • 3. vum Circuit des Régions Frontalières: 1957
  • 3. vu der Flèche Française (conte-la-montre par équipes): 1943
  • Tour de France
  • 1947 13.,1 Etapevictoire, Étape 21 : Caen > Paris
  • 1948 2.
  • 1949 33.
  • 1950 22.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen