Albert Goedert

Vu Wikipedia
Albert Goedert
Gebuer 30. August 1913
Trënteng
Gestuerwen 1. Dezember 1982
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Albert Goedert, gebuer als Albert Pierre Goedert den 30. August 1913 zu Trënteng a gestuerwen den 1. Dezember 1982 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Lycéesdirekter.

Den Albert Goedert war virun allem bekannt duerch seng Grammaire pratique de la langue française déi aus dem Volume 1: Morphologie an dem Volume 2: Syntaxe bestanen huet. Déi Grammaire war joerzéngtelaang um offizielle Schoulprogramm.

Hie war Direkter vum Lycée Hubert-Clément. Ee vu senge Jongen ass de Jurist Henri Goedert.

Den 19. Dezember 1972 gouf hien, deen och mol fir d'LSAP am Escher Gemengerot soutz, als Member vum Staatsrot nominéiert an ass bis zu sengem Doud an där Funktioun bliwwen.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lycée Hubert Clement - 75e anniversaire (Jubiläumsbroschür); Esch-Uelzecht, 1986 (enthält eng Evocatioun vum Albert Goedert als fréieren Direkter).

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1954)[3]

Den Albert Goedert krut a senger laanger Karriär als Professer, Lycéesdirekter a Member vum Staatsrot nach aner Gielercher iwwerreecht.[Source?]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäin Nr. 8 vum 30. August 1913 an der Gemeng Waldbëlleg mat Angab vun den Doudesdaten
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Memorial N°9 vun 1954 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la ocuronne de chêne dekoréiert goufen