Albert von Brunn

Vu Wikipedia
Albert von Brunn
Gebuer 19. September 1880
Gestuerwen 28. Dezember 1942
Potsdam
Nationalitéit Däitscht Räich
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Astronom

Den Albert von Brunn, gebuer den 19. September 1880 zu Köthen a gestuerwen den 28. Dezember 1942 war en däitschen Astronom.

De von Brunn huet vun 1899 bis 1904 zu Leipzig, Würzburg a Göttingen studéiert. 1904 promovéiert hien zu Göttingen (Die Säkularbeschleunigung des Mondes). Duerno war hien op der Universitéit vun Heidelberg (Prof. Valentiner) an habilitéiert sech 1909 zu Danzeg, wou hien 1920, no sengem Déngscht am Éischte Weltkrich als Meteorolog bei der Arméi, Direkter vum astronomesch-meteorologesch-nauteschen Observatoire gouf. Am Joer 1922 gouf hie Professer, ass awer 1926 als Direkter vum Observatoire zeréckgetrueden.

De von Brunn huet sech mat astronomescher Zäitmiessung, der Theorie vun der Refraktioun an der Himmelsmechanik, beschäftegt. 1920 publizéiert hien zu Danzeg seng Bemerkungen zum Dreikörperproblem. Hie war och bei enger Expeditioun fir d'Iwwerpréiwung vun der Allgemenger Relativitéitstheorie, duerch Observatioun vun der Liichtkrëmmung vu Stären no bei der Sonn, obschonn hien dëser Theorie skeptesch géintiwwer stoung. Déi Observatioun gouf 1929 vum Erwin Freundlich ausgefouert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erwin Finlay-Freundlich, Noruff an den Astronomische Nachrichten, Bd.280, 1951, S.142

Portal Astronomie