Albert Berchem

Vu Wikipedia
Albert Berchem
Gebuer 8. September 1920
Ollem
Gestuerwen 4. Oktober 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Agronom
Partei Demokratesch Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Albert Berchem, gebuer den 8. September 1920 zu Ollem a gestuerwen de 4. Oktober 1984 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen DP-Politiker.

Den Albert Berchem war Bauer. Hie war tëscht 1951 an 1974 Member vum Gemengerot vu Kielen a vun 1982 bis zu sengem Doud Buergermeeschter vun do.

Hie war 20 Joer laang, vun 1959 bis 1974 a vun 1979 bis 1984, Deputéierten an der Chamber an 1968 war hie President vum Benelux-Parlament.

Vun 1974 bis 1979 war hie Staatssekretär fir Landwirtschaft a Wäibau an der Regierung Thorn-Vouel-Berg.

Him zu Éieren ass de Stade Albert Berchem, Stadion vum FC Kehlen, genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]