Albert Borschette

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Albert Borschette gebuer de 14. Juni 1920 zu Dikrech, a gestuerwen den 8. Dezember 1976 zu Bréissel, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.

[änneren] Säi Liewen

Den Albert Borschette huet säi Lycée zu Dikrech an an der Stad gemaach an dono op den Uniën zu Aix-en-Provence, Innsbruck, München a Paräis studéiert.

Am Krich gouf en an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert a huet missen un d'Ostfront. Seng Erliefnisser do huet e literaresch verschafft: bal all seng Bicher hun iergendwéis mat der Sowjetunioun oder mam Krich ze dinn. Fir säi Roman Continuer à mourir krut hien 1957 de SELF-Präis.

Nom Krich war hie Presseattaché am Staatsministère an duerno war hien der Rei no, Vertrieder vu Lëtzebuerg, beim ieweschte Kommando vun der franséischer Besatzungsarméi an Däitschland, an der Kontrolkommissioun vun den Alliéierten zu Berlin, a Botschaftsekretär zu Berlin an dann zu Bréissel.

Säin Asaz an a fir Europa kann een als Bäitrag derzou gesinn, weider Kricher an Europa onméiglech ze maachen (an engem vu senge Bicher schreift e vun der "génération sacrifiée"). Tëschent 1958 a 1970 war den Albert Borschette Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei den Europäesche Communautéiten, der spéiderer Europäescher Unioun.

Tëscht 1970 an 1976 war hien, ënnert de successive Presidentschafte vum Franco Maria Malfatti, Sicco Mansholt a François-Xavier Ortoli, Member vun der Europäescher Kommissioun ("Commissaire"), zoustänneg fir d'Konkurrenz. Ënnert senger Zoustännegkeet koum et ënnert anerem zum Zerschloe vum Zockerkartell. Vun 1970 bis 1973 war en zousätzlech Commissaire fir Regionalpolitik an de Budget.

No him genannt ass e Konferenzzentrum zu Bréissel, iwwer dat en hollännesche Journalist eng Kéier schrouf: "Wat huet dee Mann gemaach datt esou en ellent Gebai no him genannt ass?". Säi Liewenslaf leet no, datt do sécherlech keng Kausalbezéiung besteet.

Zu Lëtzebuerg um Kierchbierg dréit eng Strooss säin Numm.

[änneren] Säi Wierk

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen