Albert Coppé
Den Albert Coppé, gebuer de 26. November 1911 zu Bruges a gestuerwen den 30. Mäerz 1999 zu Tervuren, war e belschen Economist a Politiker. Hie war Vizepresident vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, déi den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl huet.
Säi Liewen a seng Aktivitéiten[änneren]
Den Albert Coppé huet zu Léiwen Economie studéiert an huet 1940 seng Studie mat engem Doktorat ofgeschloss. Op der Kathoulescher Universtéit vu Léiwen war hien duerno Professer an huet do Economie dozéiert (1941-1982).
Den Albert Coppé hat ee gutt ausgefëllt politescht Liewen:
- Députéierte vun 1946-1952 (chrëschtlech-soziale Politiker)
- Minister fir Ëffentlech Aarbechten, Wirtschaft a Reconstructioun (1946-1952).
- Vizepresident vun der Héijer Autoritéit vun der CECA (1952-1967).
- Member vu der Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten (No der Fusioun vun den europäesche Verträg) (1967-1973)
- Administrateur an duerno President vum Verwaltungsrot vun der Société Générale de Banque vu Bréissel (1975-1982)
- President, während laange Jore vun der Union Européenne des Fédéralistes.
Auszeechnungen[änneren]
Den Albert Coppé war och, niewent aneren internationalen Auszeechnungen, mat der héchster lëtzebuergescher Auszeechnung, dem Grousskräiz vum Ordre de la couronne de chêne decoréiert ginn.
Seng Publikatiounen[änneren]
Vu senge wichtegste Publikatioune sinn ze nennen:
- Problèmes d'Economie Charbonnière,
- De Europeese Uitdaging,
- De Multinationale Onderneming,
- Inflatie,
- Polemiek rond België
- Hie war och Mataarbechter vun der Libre Belgique (1974-1988).