Albert Genen

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Genen
Gebuer 11. Januar 1951
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Militärmuseker
Famill
Kanner Andy Genen

Den Albert Genen, Militärmuseker an Dirigent, gouf den 11. Januar 1951 zu Schëffleng gebuer. Hien ass Dirigent vun der Harmonie municipale de Mondercange.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Mat 7 Joer huet hie Saxophon bei sengem Monni Jean-Pierre Genen geléiert. Vum 3. Schouljoer un ass hien an déi deemoleg Escher Museksschoul gaangen an huet do Solfège a Saxophon geléiert. Duerno koum Piano, Gei, Harmonie an Direktioun derbäi.

1971 hutt hien den Opnamexame fir an d'Militärmusek gemaach an huet de 7. Juli mat sengem Militärdéngscht ugefaangen. Den 19. August 1974 ass hien an d'Militärmusek opgeholl ginn a souz um Saxophonpult. Hien huet 20 Joer laang ënner den Dirigente Pierre Nimax an André Reichling gespillt a gouf 1994 als Chef adjoint vun der Militärmusek ernannt. 12 Joer laang huet hien déi Charge ausgefouert an ass den 1. September 2006 a Pensioun gaangen.

Wärend senger Militärmusekszäit war hien och 5 Joer laang Dirigent vun der Fanfare Houwald, huet 24 Joer laang den Ensemble à Plectres vun Esch dirigéiert, war 18 Joer laang Chef vun der Harmonie FNCTTFEL a war och wärend 24 Joer Dirigent vun der Harmonie Grand-Ducale vun Ettelbréck.

Hien ass de Papp vum Andy Genen.