Albert Hames

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Hames
Gebuer 13. Januar 1910
Gestuerwen 26. Dezember 1989
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich op der Fassad vun der Kierch zu Käerch
Grëff um Portal vun der Kierch zu Dippech

De Albert Hames, gebuer den 13. Januar 1910 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 26. Dezember 1989, war e lëtzebuergesche Sculpteur, Restaurateur a Konschtenseignant.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Hames ass dat eenzegt Kand vum Eisebunner Alphonse Hames an der Suzanne Webert, déi aus enger loutrengescher Famill staamt.

1924 kënnt hien als Schüler an d'École professionelle zu Esch-Uelzecht a geet do a verschidde Konschtcoursen.

1929 mécht hien e Stage an der Konschtschräinerei Hammerel zu Esch-Uelzecht a geet niewebäi a Course fir Modelage an Zeechnen.

1930 schafft hien am Atelier vum lëtzebuergesche Sculpteur Albert Kratzenberg (1890-1966).

1933 gëtt den Albert Hames Member am Cercle artistique de Luxembourg.

1934 ass hie Stagiaire op der Staatliche Berufsfachschule für Holzbildhauer und Schnitzer zu Oberammergau a Bayern fir sech an der Holzschnëtzlerei ze perfektionéieren.

1938 studéiert hien op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis

1946 fänkt hien als Chargé de cours an der École professionelle zu Esch-Uelzecht un.

Hie gëtt 1953 mat der Néiesch Léonie Colas vu Rëmeleng bestuet.

1975 gëtt hie pensionéiert.

De 26. Dezember 1989 stierft hien am Alter vun 79 Joer no engem Häerzinfarkt um Wee fir an d'Klinik. Hie gëtt an d'Familljegraf zu Rëmeleng um Kierfecht bäigesat.

Zanter 2011 stinn dem Albert Hames seng Haiser a säin Atelier vu Rëmeleng op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blasen, Léon, 1985. Das Monument für die im Zweiten Weltkrieg gefallenen oder ums Leben gekommenen Luxemburger Eisenbahner. Die Denkmäler der Stadt Luxemburg, Folge 29. Télécran Jg. 7, Nr. 32: 24-25. Luxembourg.
  • Langini, Alex, 1995. Albert Hames - "Restaurateur du Musée". Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 16, Nr. 2: 35-41. Luxembourg.
  • Ludmann, René, 1995. Albert Hames (1910-1989). nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur Joer 16, Nr. 2: 21-34. Luxembourg.
  • Persin, Patrick-Gilles & Andrée Fonck, 2008. Albert Hames, sculpteur. Luxembourg: Patrick-Gilles Persin, 2008. 139 p.. [Mat Fotoe vum Guy Wolff]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cf. Arrêté du Conseil de Gouvernement du 27 mai 2011
  2. Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022