Albert Kaiser

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert Kaiser
Gebuer 11. Februar 1892
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 8. Abrëll 1973
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

Den Albert Kaiser, gebuer den 11. Februar 1892 zu Esch-Uelzecht, och do gestuerwen den 8. Abrëll 1973, war e lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Resistenzler. Bekannt ass hien als Moler a Graveur a besonnescht duerch Linolschnëtter an deenen hie seng Erliefnesser am KZ zu Hinzert opgeschafft huet.

Mat 16 Joer ass hien an d'Minn schaffe gaangen a gouf 1916 Member an der Gewerkschaft vun de Bierg- a Schmelzaarbechter. Vun 1937 bis zu senger Pensionéierung war hie Portier op der Escher Gemeng.

An der Gewerkschaftszeitung Der Proletarier goufe vun 1923 u Karikature vun him publizéiert bei deenen et haaptsächlech ëm d'Ausbeutung vun de Biergaarbechter gaangen ass. Scho fréi an den 1930er Joren hu sech seng Aarbechte géint de Faschismus geriicht.

De 24. Mäerz 1942 gouf den Albert Kaiser wéinst "Gefährdung der Sicherheit des Staates" vun der Gestapo verhaft a vum 28. Mee bis den 18. November 1942 am Konzentratiounslager zu Hinzert agespaart. Duerno war hie bis zu der Befreiung vu Lëtzebuerg bei Frënn verstoppt.

Nom Krich goufen dem Albert Kaiser seng Aarbechten am Rappel, dem Organ vun der Ligue vun de politesche Prisonéier an Deportéierten L.P.P.D., an an anere patriotesche Publikatioune publizéiert.

1955 koum mat Memento 1940-1945 eng Mapp mat 80 Linosschnëtter vum Albert Kaiser an der Éditions du Rappel eraus. Si erzielen ë. a. vum Leed vun de Lëtzebuerger am Zweete Weltkrich a sengen eegenen Erliefnesser am Lager zu Hinzert. Vun der ganzer Oplag vu 500 Exemplare goungen déi meescht u fréier politesch Gefaangen, soudatt der net vill an den Handel koumen.

Tëscht 1995 an 2017 ware seng Linosschnëtter a verschiddenen Ausstellungen an Däitschland ausgestallt. 2018 gouf am Nationale Resistenzmusée eng Ausstellung mam Titel Albert Kaiser - Memento 1940-1945 organiséiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Freiheit Esch 1570, Toile, 158 cm × 520 cm
  • Kaiser, Albert, 1955. Memento 1940-1945: Xe anniversaire de la Libération 1945-1955. 20S/80Linos. Éditions du Rappel, Luxembourg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]