Albert Lieven

Vu Wikipedia
Albert Lieven
Gebuer 23. Juni 1906
Gestuerwen 22. Dezember 1971
London
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller

Den Albert Lieven gebuer den 23. Juni 1906 zu Hohenstein an Ostpreisen a gestuerwen de 16. Dezember 1971 zu London war en däitsche Schauspiller.

Seng éischt Roll als Schauspiller krut den Albert Lieven am Theater zu Gera. Duerno huet seng Theaterkarriär hien op Königsberg an op Berlin gefouert.

1932 huet hie seng éischt Roll am Kino am Film Annemarie, die Braut der Kompanie gespillt. Bis 1936 war hien an däitsche Filmer ze gesinn, ass dunn awer mat senger jiddescher Fra aus Nazidäitschland op Paräis ausgewandert. Vun do aus goung säi Wee weider op London. Seng Schauspillerkarriär ass och an England weidergaangen. Donieft war hien awer och Journalist a Radiospriecher bei der BBC wärend dem Zweete Weltkrich.

Nom Krich war hie weider an englesche Filmer a vun 1951 un och erëm an däitsche Filmer ze gesinn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1932 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1970[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]