Albert Moes

Vu Wikipedia
Albert Moes
Gebuer 31. Juli 1908
Gestuerwen 13. Mee 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Den Albert Moes, gebuer den 31. Juli[1] 1908 zu Déifferdeng, a gestuerwen den 13. Mee 1982, war e lëtzebuergeschen Akkordeonist a Komponist.

Am Conservatoire huet hie Piano a Gei geléiert. Hie krut Privatcourse bei engem belschen Accordeonist, an d'Harmonika gouf du seng grouss Passioun.

1937 huet hie mat aneren Akkordeonisten d'Société Municipale des Accordéonistes de la Ville de Luxembourg gegrënnt, vun där hien den éischten Dirigent a President bis 1977 war. Nach am Grënnungsjoer krut de Veräin, bei engem internationale Concours zu Léck, de „1er prix avec grande distinction“ an hie selwer krut den Titel vun engem „Professeur d'Accordéon“ zouerkannt.

1963 krut hien d'Coupe d'Europe mat 99 % vun de méigleche Punkten an en Diplom vum Mérite Musical Européen.

Dat Joer drop huet hien d'Coupe du Monde gewonnen.

1967 gouf hien diploméiert als Meilleur professeur d'accordéon européen.

1974 krut säi Veräin zu Huy, de 1er Prix avec la plus grande distinction de Sa Majesté le roi Baudouin an hie selwer den éischte Präis mat grousser Distinctioun als Dirigent.

Auswiel vu senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Marche des Accordéonistes
  • Ma deuxième Valse
  • Akkordeon Klänge
  • Retour de Luxembourg
  • Souvenir de Luxembourg
  • Première Valse acrobatique
  • Marche du Centenaire (E Stéck extra komponéiert fir de Centenaire vun der Stad Esch.)
  • Ouverture de Concert
  • Cuba-Rumba
  • Meng kleng Harmonikaspillerin (Operett an dréi Akte mat 14 Acteuren an 13 Lidder.)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Den Albert Moes bei der Société Municipale des Accordéonistes

Den Albert Moes am Musikerlexikon

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.accordeon.lu/Biographie_MOES.pdf