Albert Simon
Den Albert Simon, gebuer den 3. Juli 1901 zu Suessem a gestuerwen den 13. Mäerz 1956 zu Esch-Uelzecht, war e Lëtzebuerger Karikaturist a Cartoonist, wuel de bekanntesten deen et virum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gouf.
No der Primärschoul huet hien doheem am Bauerebetrib an op der Schmelz zu Déifferdeng geschafft. Do ass hien éischter duerch seng Karikature vu senge Mataarbechter wéi duerch seng Aarbecht opgefall. Ee vu senge Meeschteren huet sengem Papp geroden säi Jong op eng Schoul ze schécken. Nom Éischte Weltkrich goung hien an d'Handwierkerschoul. Säi Professer de Pierre Blanc huet dem Albert Simon säin aussergewéinlecht Talent fir Karikatur a witzeger Form erkannt, an him virgeschloen op eng Akademie op München ze goen. Den Eugène Forman, den Editeur vum De Gukuk, dee verschidde vu senge Karikature scho publizéiert hat, huet him dat erméiglecht. Zu München krut hie vun der satirescher Zeitung Simplicissimus ugebueden fir Karikaturen ze zeechnen. Well zu där Zäit d'Redaktioun vum Simplicissimus ee gewëssenen Haass géint d'Alliéiert a Géigner vun den Däitschen am Éischte Weltkrich propagéiert huet, huet hien all Mataarbecht refuséiert.
Wéi hien op Lëtzebuerg zréck koum, gouf hien am De Gukuk agestallt. Während där Zäit huet hien och periodesch Zeechnunge fir Les Cahiers luxembourgeois gemaach. Ier hien den 1. Januar 1931, vum deemolegen Direkter Paul Schroell, fest am Tageblatt engagéiert gouf, war hien nach zu Paräis op enger Akademie. Am Tageblatt war hie verantwortlech fir d'politesch Artikele mat Karikaturen z'illustréieren. Vun 1934 un huet hien niewebäi an der Lëtzebuerger Illustréierten AZ regelméisseg eng ganz Säit Eine Seite Humor mat Bildwitzer publizéiert. Si hu lokal Evenementer a Situatiounen aus dem Lëtzebuerger Alldag duergestallt, mat Personnage, wéi dem Butzefinn, dem Bitschekätt, dem Brachert vu Péiteng, dem Brumeschkätt vu Pissing, d'Kantonjéen de Frunnes, de Jangly, de Brigardjee a.s.w..
Wéint senge Karikaturpersiflagen iwwer den Hitler, gouf hie 1940 vum däitschen Okkupant bei Ofwiesenheet zum Doud veruerteelt. Virdru war hien a Frankräich geflücht, wou e bis zum Enn vum Zweete Weltkrich, haaptsächlech zu Digne-les-Bains an duerno zu Marseille ënner falschem Numm geschafft a gelieft huet. Spéider nom Krich wéi hien dohinner an d'Vakanz goung, hu lokal Zeitungen, wéi La Marseillaise a Le Provencal hien nach geéiert.
Hien huet weider fir d'Tageblatt geschafft an eng nei satirisch Zeitung De Peck-Villchen gegrënnt a bis zu sengen Doud geleet.
Ofgesi vu sengen Zeitungs-a Zäitschrëftepublikatiounen huet hien och Dekoratiounskarikature mat Spréch fir Wiertschaften, wéi D'Maul gehalen hanner dem Kuartespiel verkaf.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis vertrueden.[1][2]
Zu Suessem ass eng Strooss no him benannt.
Literatur [änneren]
- Tousch, Pol a Van Houlle, Guy: Albert Simon. Luxemburgs "Schnellkarkaturist", Imprimerie Coopérative Esch/Alzette
- Kiersch, Gaby: Albert Simon , 1995, 175 p. : ill., photogr.
- Nenri Hanlet: Albert Simon. Vater der luxemburgischen Karikatur 1952 Revue Nr 53 Säit 104 - 106