Albert Steffen

Vu Wikipedia
Albert Steffen
Gebuer 8. Mäerz 1884
Gestuerwen 1. Juni 1962
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Den Albert Steffen, gebuer den 8. Mäerz 1884 zu Capellen, a gestuerwen den 1. Juni 1962, war e lëtzebuergeschen Historiker.

No senger Première ass den Albert Steffen an de Seminaire agetratt. Hien huet Theologie studéiert a gouf duerno fir d'éischt Koadjutor am Dikrecher Konvikt, dunn, vun 1915 un, am Konvikt an der Stad Lëtzebuerg.

Hien huet zu Paräis a Berlin weiderstudéiert, an en Doktorat an Däitsch a Griichesch gemaach.

1922 gouf e Professer am Stater Kolléisch fir Relioun a Latäin.

1922 gouf hien och Aumônier um groussherzoglechen Haff.[1]

Hie war Sekretär vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal, President vun der Gesellschaft Ons Hémecht a vun 1948 bis zu sengem Doud Coordinateur vun der Zäitschrëft 't Hémecht.

Den Albert Steffen huet sech virun allem mat der Geschicht vum 17. Joerhonnert befaasst, besonnesch mam Jean Beck an der Famill Wiltheim, an huet iwwer déi éischt Jesuitten zu Lëtzebuerg gefuerscht, an domat verbonnen, de Bau vum Athenaeum a vun der Kathedral. 1935 huet en eng Baugeschichte der Luxemburger Jesuitenkirche erausginn. Och iwwer d'Iechternacher Abtei huet en an der Hémecht geschriwwen.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Was bedeuten die Strassennamen? vum Fanny Beck an 'Ons Stad' Nr 78 vun 2005 op der Säit 33
  2. Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse op der Säit 64