Albert Weinberg

Vu Wikipedia
Albert Weinberg
Pseudonym Roc, Kar I., Ariès
Gebuer 9. Abrëll 1922
Léck
Gestuerwen 29. September 2011
Schwäiz
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Comicauteur

Den Albert Weinberg, gebuer den 9. Abrëll 1922 zu Léck a gestuerwen den 29. September 2011, war e belsche Comicszeechner.

Hie war bis an den héijen Alter aktiv an nach praktesch op alle gréissere Festival an der Belsch, a Frankräich, an Däitschland an zu Conter ze gesinn. Hie gëllt mam Jean Graton am Dino Attanasio als ee vun den „Doyeën“ vun der franko-belscher Comicszeen.

Zu senger Zäit - kuerz nom Zweete Weltkrich - hat bal jiddwer Zeechner eng zimmlech prezis Visioun vun engem ganz spezielle Personnage, deen hien da lues a lues opgebaut huet. Beim Jean Graton waren et d'Autoscourssen an d'Formelween a säin Held de Michel Vaillant. Dem Hergé säin Held Tintin kenne mir warscheinlech all, an dem Albert Uderzo a René Coscinny hir gallesch Personnage sécher och.

Beim Albert Weinberg war et d'Aviatioun, déi him et ugedoen hat a säi grousse Personnage war (an ass nach haut) de kanadeschen Jet-Pilot Dan Cooper, deem seng Aventuren 1954 fir d'éischt an der belscher Zäitschrëft Tintin publizéiert goufen, ier se als Albumen op de Maart koumen.

Richteg ugefaangen huet et fir den Albert Weinberg uganks der 1950er Joren, wéi hien am Hebdomadaire „Tintin“ net als Zeechner, mä als Zeenarist ënner anerem fir de Paul Cuvelier (1923-1978, Zeechner vum Corentin), de Victor Hubinon (1924-1979, Zeechner vum Buck Danny), de Willy Maltaite(Will) (1927-2000, Auteur vun Tif et Tondu) a ganz besonnesch fir den Hergé, fir deen de Weinberg e groussen Deel vum Zenario fir den Tintinsalbum „On a marché sur la lune“ geschriwwen huet. Fir den Zeenarist Jean-Michel Charlier (1924-1989) huet hien 1950 dem Victor Hubinon gehollef de Band „Tarawa – Atoll sanglant“ ze zeechnen.

Schonn deemools hat hien en Dada fir d'Aviatioun, an e puer Joer duerno huet hien de Personnage vum Dan Cooper erfonnt, a vun 1954 un dem Cooper seng Abenteuer iwwer Joren eraus op méi wéi 2000 Planchen an 41 Bandes dessinéeën erzielt. Hien huet sech quasi mat dem Dan Cooper identifizéiert a war als Privatmann an dem Domain vun der Aviatioun an hire verschiddenen Aspekter doheem.

Hie war a senger Jugend en aktiven Daucher, huet eng sëllegen Airbasë besicht, mat Pilote geschwat, ass an Jets matgeflunn, huet sech op Fligerdréier ëmgekuckt a war och dacks mat dem Ballon an der Luucht. Hien huet sech fir d'Technik vun der Fligeren intresséiert, fir d'Uniformen an d'Combinaisone vun de Piloten, an och fir hir speziell Ofzeechen. Den Dan Cooper huet seng Aventuren an der ganzer Welt erlieft an den Albert Weinberg huet bal all Land besicht, an deem säi Personnage aktiv war.

Wat dem Weinberg ganz besonnesch ugerechent gëtt, ass déi recherchéiert Prezisioun, mat där hien all technesch Detailer a senge BDën erëmginn huet. 1956 huet de Weinberg - nieft senger Aarbecht um Dan Cooper - als Zeechner zesumme mam René Coscinny (1926-1977, Zeenarist vum Astérix an dem Oumpahpah etc.) d'Geschicht „Le professeur est distrait“ am Tintin verëffentlecht.

Dem Weinberg säin Entworf fir dem Dan Cooper säin Jet, den „Triangle Bleu“ gouf speziell vun Ingenieure vun der Sabena nokontrolléiert a korrigéiert „fir datt e wierklech fléie konnt“. Dem Albert Weinberg seng gréisst Satisfaktioun ass, datt säi Personnage - den Dan Cooper als kanadeschen Jet-Pilot - zu Edmonton(Kanada) am „Musée de l'Air“ an der „Hall of Fame“ eng Éiereplaz ageriicht krut.

Den Albert Weinberg gëtt es net midd ze zeechnen, a vill vu senge Fans kënne confirméieren, datt hien op Festivallen nach owes Bicher mat an den Hotel hëlt, fir se do ze dédicasséieren, well hie seng Unhänger net wëll dersonner heemgoe loossen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Éditeur
1956 Corentin 3 - Corentin chez les Peaux-Rouges (Zeenarist) Lombard
1957 Dan Cooper 1 - Le triangle bleu Lombard/Dargaud
1958 Dan Cooper 2 - Le maître du Soleil Lombard/Dargaud
1959 Dan Cooper 3 - Le mur du silence Lombard/Dargaud
1960 Dan Cooper 4 - Cap sur Mars Lombard/Dargaud
1962 Dan Cooper 5 - Duel dans le ciel (Zenario Jean-Michel Charlier) Lombard/Dargaud
1963 Dan Cooper 6 - Coup d'audace (Zenario Jean-Michel Charlier) Lombard/Dargaud
1964 Dan Cooper 7 - L'escadrille des Jaguars (Zenario Jean-Michel Charlier) Lombard/Dargaud
1965 Dan Cooper 8 - Le secret de Dan Cooper Lombard/Dargaud
1966 Dan Cooper 9 - 3 cosmonautes Lombard/Dargaud
1967 Dan Cooper 10 - Fantôme 3 ne répond plus ! Lombard/Dargaud
1968 Dan Cooper 11 - Acrobates du ciel Lombard/Dargaud
1969 Dan Cooper 12 - Tigres de mer Lombard/Dargaud
1969 Dan Cooper 13 - Le mystère des soucoupes volantes Lombard/Dargaud
1970 Dan Cooper 14 - Panique à Cap Kennedy Lombard/Dargaud
1970 Dan Cooper 15 - Les hommes aux ailes d'or Lombard/Dargaud
1971 Dan Cooper 16 - SOS dans l'espace Lombard/Dargaud
1971 Dan Cooper 17 - Ciel de Norvège Lombard/Dargaud
1972 Dan Cooper 18 - Les pilotes perdus Lombard/Dargaud
1973 Dan Cooper 19 - Apollo appelle Soyouz Lombard/Dargaud
1974 Dan Cooper 20 - L'affaire Minos Lombard/Dargaud
1975 Dan Cooper 21 - Objectif Jumbo Lombard/Dargaud
1976 Dan Cooper 22 - Crash dans le 135 Lombard/Dargaud
1979 Barracuda 1 - Les drakkars d'or Fleurus/EDI-3
1979 Dan Cooper 23 - Opération Jupiter Lombard/Dargaud
1979 Dan Cooper 24 - Azimut zéro Fleurus/EDI-3
1979 Barracuda 2 - Le puits sacré de Chichen Itza Fleurus/EDI-3
1980 Dan Cooper 25 - Le canon de l'espace Fleurus/EDI-3
1980 Dan Cooper 26 - Opération Kosmos 990 Fleurus/EDI-3
1981 Dan Cooper 27 - Programme F-18 Hachette/Novedi
1981 Dan Cooper 28 - F-111 en péril Hachette/Novedi
1982 Dan Cooper 29 - L'aviatrice sans nom Hachette/Novedi
1982 Dan Cooper 30 - Pilotes sans uniforme Hachette/Novedi
1983 Dan Cooper 31 - Navette spatiale Hachette/Novedi
1984 Dan Cooper 32 - Viking connection Hachette/Novedi
1985 Dan Cooper 33 - Target Hachette/Novedi
1985 Dan Cooper 34 - "Silver Fox" Hachette/Novedi
1986 Dan Cooper 35 - Dragon Lady Hachette/Novedi
1987 Dan Cooper 36 - L'avion invisible Hachette/Novedi
1989 Dan Cooper 37 - La vrille Dargaud
1990 Dan Cooper 38 - Pilotes fantômes Dargaud
1990 Dan Cooper 39 - L'otage du Clemenceau Dargaud
1991 Dan Cooper 40 - Alerte sur le "Clem" Dargaud
1992 Dan Cooper 41 - L'œil du tigre Dargaud
1993 Agent Spécial 1 - Le Roumain Agorma
2000 Alain Landier 1 - Tome 1 Loup
2001 Alain Landier 2 - Tome 2 Loup
2002 Les meilleurs récits de… 2 - A. Weinberg (1) Loup
2002 Projet 47 Loup
2003 Les meilleurs récits de… 5 - A. Weinberg (2) Loup
2003 Vicky Loup
2004 Dan Cooper (Hors Série) 1 - Mystères et secrets Loup
2004 Dan Cooper 2 - Le maître du Soleil - Épilogue B.D. Club Genève
2005 Dan Cooper (Hors Série) 2 - Échec et Mat ! Hibou
2005 Les meilleurs récits de… 20 - A. Weinberg (3) Hibou
2006 Dan Cooper (Missions) 1 - Les paras Hibou
2006 Dan Cooper (Hors Série) 3 - Les intrus Hibou
2008 Dan Cooper (Hors Série) 4 - Tous azimuts! Hibou
2010 Dan Cooper (Hors Série) 5 - L'île aux géants Hibou