Albert van Houtte

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Balanced scales.svg Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Albert van Houtte

Den Albert van Houtte, gebuer 12. November 1914 zu Nieuwkapelle (Diksmuide), a gestuerwen de 15. Mee 2002 zu Ixelles, war Belsch, a war Greffier um Geriichtshaff vun der CECA a spéider um Europäesche Geriichtshaff (1953-1982). Hie war aktiv un der Schafung vun der Europaschoul zu Lëtzebuerg an un hirem Ausbau bedeelegt. Well den Albert van Houtte bei der Installatioun vun den Europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg vun Ufank un derbäi war, si säin Témoignage a seng Souveniren aus der europäescher Pionnéierzäit ganz interessant. Liest, wat hie schreift

Seng Formatioun [änneren]

Den Albert van Houtte war de Fils vum Camille van Houtte, Buergermeeschter zu Nieuwkapelle (1904-1930) a vun der Elodie Leuridan. Hie war mat der Antoinette Mairiaux bestuet.

  • Formatioun:
    • Docteur en Droit (Universitéit vu Louvain: 1933-1938)
    • Licencié en sciences économiques et sociales (Universitéit vu Louvain 1938-1940)

Seng Carrière [änneren]

  • Assistent um Institut des Sciences économiques vu Louvain (1939-1940)
  • Sekretär vun der Administrativer Kommissioun vun de Louvainer Prisongen (1937-1946)
  • Conseiller économique et fiscal vum belschen Boerenbond (1940-1944)
  • Kabinettchef vun de belschen Landwirtschatsministeren: Grof Henri de la Barre Erquelinnes a Louis Delvaux (1944-1945)
  • President vum belschen Nationalcomité bei der FAO (1949-1953)
  • Greffier vum Geriichtshaff vun der CECA zu Lëtzebuerg (1953-1958)
  • Greffier vum Geriichtshaff vun den Europäeschen Communatéiten (1958-1982)
  • President vum Elterencomité vun de Schüler vun der Europaschoul (Matgrënner vun der Europaschoul zu Lëtzebuerg an den aneren Europaschoulen (1953-1965)

Seng Auszeechnungen (Auswiel) [änneren]

Seng Publicatiounen [änneren]

  • Van Houtte,Albert: Souvenirs de la Cour de justice 1953-1982 (Voir European Navigator)

Um Spaweck [änneren]