Alberta

Vu Wikipedia
Alberta
Fändel Wopen
Devise: Fortis et liber

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: Edmonton
Gréisst Stad: Calgary
Premierminister: Jason Kenney (UCP)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 6. Plaz
661.848 km²
3 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 4. Plaz
3.645.257 (2011)
5,69/km²
Deel vu Kanada ginn: 1. September 1905
Offiziell Sprooch: Englesch
Zäitzon: UTC-7
Postcode: AB

Alberta ass eng Provënz am Süde vum Kanada. Alberta gehéiert zanter dem 1. September 1905 zu der Kanadescher Konfederatioun. Den Numm kënnt vun der Prinzessin Louise Caroline Alberta, Duchess of Argyll, enger Duechter vun der brittescher Kinnigin Victoria.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Alberta grenzt am Norden un d'Nordwest-Territoiren, am Süden un den US-Bundesstaat Montana, am Westen u British Columbia an am Osten u Saskatchewan.

D'Haaptstad Edmonton läit bal genee an der Mëtt vun der Provënz, do gëtt och de meeschte Pëtrol raffinéiert. Am Süden, wou ë. a. Calgary läit, sinn déi meescht Ranchen.

An Alberta sinn eng Hellewull vu Séien, déi dräi gréisst Séie sinn de Lake Athabasca (7.898 km²), Lake Claire (1.436 km²) an de Lesser Slave Lake (1.168 km²). (Am Verglach: De Stauséi Uewersauer huet eng Fläch vun 3,8 km².)

Am Weste sinn d'Ausleefer vun de Rocky Mountains.

Gréisst Stied[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Stied sinn (a Klammeren d'Awunnerzuel am Joer 2006):

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Alberta ass déi räichst Provënz a Kanada. De Pëtrol an Äerdgas an d'Agrarwirtschaft sinn d'Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. An Alberta ass een Drëttel vun de weltwäite Pëtrolsreserven. No Saudiarabien ass Kanada de Staat mat den zweetmeeschte Pëtrolsreserven.

D'Rannerzuucht ass awer zanter dem BSE-Skandal am Joer 2003 réckleefeg.

Aner Branchen déi zum Wuelstand an Alberta bäidroe sinn d'Rëschtungsindustrie, d'Loft- a Raumfaarttechnik an den IT-Beräich.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alberta – Biller, Videoen oder Audiodateien