Alberto David

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chess.svg Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Alberto David 2008 bei der EU-Meeschterschaft zu Liverpool

Den Alberto David, gebuer de 26. Mäerz 1970, ass e lëtzebuergesche Schachspiller.

An der belscher 1. Liga spillt e fir Namur Echecs. A Frankräich an op Mannschaftseuropameeschterschafte spillt hie fir Clichy Echecs.

Fir Lëtzebuerg huet en u sechs Schacholympiaden deelgeholl (1994 bis 2002 an 2006), woubäi en 2002 zu Bled a Slowenien eng Sëlwermedail fir säi Resultat um éischte Briet vun 11 aus 13 kritt huet.

Hie huet dräimol mat Lëtzebuerg u Mannschaftseuropameeschterschaften deelgeholl (1992, 2001 an 2003). Zu Plowdiw 2003 huet hien dobäi eng Goldmedail fir säi Resultat vu 6 aus 8 um éischte Briet kritt. Am léiwste spillt den David Turnéieren zu Paräis, wou hien och bei Turnéieren als Gewënner ervirgaangen ass.

Seng aktuell Elo-Zuel läit bei 2605 (Stand: Juli 2012) a seng maximal erreechte bei 2631[1]; domat ass hien als eenzege Groussmeeschter vu Lëtzebuerg un der Spëtzt vun der Ranglëscht vun de lëtzebuergesche Schachspiller an op Plaz 142 vun der Weltranglëscht (Juli 2010)[2].

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]