Albi

Vu Wikipedia
Albi
Vue iwwer den Tarn op d'Alstad

Vue iwwer den Tarn op d'Alstad
Vue iwwer den Tarn op d'Alstad
Land Frankräich
Regioun Occitanie
Departement Tarn (Prefektur)
Arrondissement Albi
Kanton 4 Kantonen
Postcode 81000
Gemengecode 81004
Koordinaten 43° 55’ 41’’ N
      02° 08’ 45’’ O
Fläch  4 426 ha
Bevëlkerung  49 531 (2014)

Albi ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng, an d'Prefektur vum Departement Tarn an der Regioun Occitanie. Et huet knapps 50.000 Awunner (80.000 mat der Agglomeratioun) an ass de Sëtz vun engem Äerzbistum.

2010 gouf den Ensembel vu Gebaier ronderëm d'Kathedral an de Bëschofssëtz (Cité épiscopale) vun der Unesco an d'Lëscht vun de Weltkulturierwen opgeholl.

Albi läit um Floss Tarn, eng 80 Kilometer nordëstlech vun Toulouse.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonns zur Réimerzäit gouf et eng Stad déi Civitas Albiensium housch. 843 huet de Charel de Plakkapp d'Herrschaft iwwerholl.

D'Katharer, eng reliéis Communautéit, déi am Mëttelalter schwéier verfollegt gouf, gëtt och nach, no Albi, Albigenser genannt. 1209 an 1229 gouf Albi dowéinst bal ganz zerstéiert.

1678 gouf d'Stad Sëtz vun engem Äerzbëschof, 1790 d'Prefektur vum Departement Tarn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nicolas-Marie-Joseph Chapuy: Cathédrales françaises. Vues pittoresques de la cathédrale de Albi. Paris 1829 (Digitalisat)

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Albi – Biller, Videoen oder Audiodateien