Alcide De Gasperi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den De Gasperi.

Den Alcide De Gasperi, gebuer den 3. Abrëll 1881 zu Pieve Tesino bei Trente (deemools Éisträich-Ungarn) a gestuerwen den 19. August 1954 zu Sella di Valsugana, war en italienesche Staatsmann a Politiker.

Den De Gasperi huet Philosophie a Literaturwëssenschaft zu Wien studéiert an duerno als Journalist geschafft. 1911 gouf en als Deputéierten an d'éisträichescht Parlament gewielt.

Nom Éischte Weltkrich huet hien 1919 déi italienesch Vollekspartei mat opgeriicht, fir déi e vun 1921 un Deputéierte war. Méi spéit gouf e Fraktiounspresident a Generalsekretär vun där Partei. Ënner dem Faschismus souz hie wéinst antifaschisteschen Aktivitéiten 16 Méint am Prisong. 1931 gouf e fräigelooss an ass an de Vatikan wunne gaangen, wou en an der Bibliothéik geschafft huet. Do huet hien nach während dem Zweete Weltkrich déi, dunn nach illegal, Democrazia Cristiana mat gegrënnt an organiséiert. Nom Krich gouf hien éischten italieneschen Nokrichs-Premierminister. Hie blouf dat bis 1953 a verschiddene Koalitiounen.

Den Alcide De Gasperi gëllt, zesumme mam Robert Schuman, Altiero Spinelli, Jean Monnet an Paul-Henri Spaak als ee vun de "Grënner-Pappen" vun der CECA, dem Virleefer vun der haiteger EU. Hie war den éischte President vum Europäesche Parlament.

Zu Lëtzebuerg sinn eng Strooss an e Gebai, dat markant Héichhaus um Kierchbierg, no him benannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alcide De Gasperi – Biller, Videoen oder Audiodateien