Aldo Bolzan

Vu Wikipedia
Aldo Bolzan
Den Aldo Bolzan 2006
Gebuer 6. September 1933
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 21. Oktober 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Den Aldo Bolzan gewënnt de 16. September 1951 seng zweet Course bei de Junioren. (GP de la Petite Suisse, organiséiert vum V.S. Iechternach)
Aldo Bolzan a Charly Gaul 2003

Den Aldo Bolzan, gebuer de 6. September 1933 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 21. Oktober 2013[1], war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie koum aus enger italieenescher Famill, seng Mamm war vu Siena an der Toskana a säi Papp vun Treviso, wou Pirinello d'Fabréck huet. Hien hat dofir am Ufank déi italieenesch Nationalitéit, gouf awer méi spéit, de 4. Juli 1960, als Lëtzebuerger naturaliséiert. Säi geléierte Beruff war Schlässer. Hie gouf am Dezember 1959 bestuet an huet ee Meedchen, d'Christiane, dat 1962 op d'Welt koum.

Den Aldo Bolzan huet bis 2008 zu Betteng op der Mess gewunnt. Do gëtt all Joer eng Course gefuer, déi no him benannt ass, de Grand Prix Aldo Bolzan, organiséiert vum L.C. Téiteng mat Ënnerstëtzung vun der Reckener Gemeng. Déi lescht Jore vu sengem Liewen huet hien op der Musel gewunnt.

Sportlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Aldo Bolzan war vun 1950 bis 1962 bei der U.C. Esch lizenzéiert.

Hie war sechsmol beim Tour de France um Depart an huet der véier dovun zu Enn gefuer.

Zusumme mam Marcel Ernzer an dem Jempy Schmitz huet hien an der Nelux-Ekipp de Charly Gaul ënnerstëtzt bei deem sengem Erfolleg am Tour de France vun 1958.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Den Aldo Bolzan huet a senger ganzer Karriär 37 Coursen oder Etappe gewonnen, dovun 28 zu Lëtzebuerg, 8 an der Belsch an 1 a Kroatien.

1955 Amateur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Tour des 12 Cantons (18.06 - 20.06. 1955 Organisateur L.P. Mühlenbach)
    • 1. an der 1. Etapp
    • 5. an der 2. Etapp
    • 13. an der 3. Etapp
    • 11. an der 4. Etapp
  • 1. am Championnat U.C.Esch (13.03.1955 Organisateur U.C. Esch)
  • 1. am Grand Prix de Pétange (03.04.1955 Organisateur U.C. Pétange)
  • 1. am Grand Prix Pirelli (17.04.1955 Organisateur V.S. Mamer)
  • 1. am Grand Prix Henri Kellen (24.04.1955 Organisateur U.C. Dippach)
  • 1. an enger Course den 21.08.1955 (Organisateur V.S. Hamm)
  • 1. am Grand Prix Général Patton (04.09.1955 Organisateur U.C. Colmar-Berg)
  • 2. am Tour des 2 Luxembourg (07.05 - 08.05. 1955 Organisateur L.R. Limpertsberg)
    • 1. an der 1. Etapp
    • 10. an der 2. Etapp
  • 2. am Grand Prix de la commune de Bettembourg (01.05.1955 Organisateur L.V. Bettembourg)
  • 3. Sarrebruck-Luxembourg-Sarrebruck (11.06. - 12.06. 1955 Organisateur U.C. Luxemb. - Gare)
    • 3. an der 1. Etapp
    • 4. an der 2. Etapp
  • 3. am Grand Prix Jempy Kayser (20.03.1955 Organisateur V.S. Dommeldange)
  • 3. am Grand Prix Charles Krier (15.08.1955 Organisateur L.G. Belvaux)

1956 Profi[änneren | Quelltext änneren]

1957[änneren | Quelltext änneren]

1958[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. am Championnat Bassin Minier (09.03.1958 Organisateur U.C. Esch)
  • 2. am Championnat Interclubs (17.08.1958 Organisateur VCP Bouneweg)
  • 10. am Tour de Luxembourg
  • 32. am Tour de France
    • 3. an der Etapp vu St. Nazaire op Royan, hanner dem Italieener Pierrino Baffi an dem Fransous Thomin (d'Nelux Ekipp gewënnt deen Dag d'Manschafftswäertung)

1959[änneren | Quelltext änneren]

1960[änneren | Quelltext änneren]

1961[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Aldo Bolzan am Alter vun 81 Joer gestuerwen." RTL.lu - 21.10.2013, 15:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.10.2013, 15:16.