Alemannesch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi alemannesch Dialekter

Alemannesch ass en däitschen Dialekt, deen am Süde vun Däitschland, am Elsass, an der Schwäiz an am Vorarlberg (Éisträich) geschwat gëtt. Et gi véier verschidden Dialekter:

  • Schwäbesch a Schwaben (Oste vun Baden-Württemberg a Weste vun Bayern)
  • Niddereg Alemannesch am Norde vu Baden, an engem groussen Deel vum Elsass, am Vorarlberg an an Deeler vun der Schwäiz
  • Héichalemannesch am Süde vu Baden, an engem groussen Deel vun der Schwäiz an am Süde vum Elsass
  • Héichstalemannesch am Süde vun der Schwäiz

An Däitschland, am Elsass an am Vorarlberg ass den Dialekt a Gefor auszestierwen, well Héichdäitsch dat Alemannescht ersetzt. Et gëtt virun allem vun ale Leit geschwat; um Land ass et méi heefeg wéi an de Stied.

Dee wichtegsten alemannesche Mondaartdichter ass de Johann Peter Hebel.

LIteratur [änneren]

  • Alemannisch im Sprachvergleich. Beiträge zur 14. Arbeitstagung für alemannische Dialektologie in Männedorf (Zürich) vom 16.-18.9.2002, erausgi vun Glaser, Elvira / Ott, Peter / Schwarzenbach, Rudolf. Franz Steiner Verlag, 1. Oplo 2004. Aus der Serie: Zeitschrift für Dialektologie und Linguistik. Beihefte 129