Alemannia Aachen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
600px Alemannia Aachen.png

D'Alemannia Aachen (offiziell: Aachener Turn- und Sportverein Alemannia 1900 e. V.) ass de gréisste Spotrtsveräi vun der Stad Oochen.

Zanter der Saison 2008/2009 spielt déi professionell Foussballsequipe an der zweeter Bundesliga. Vun der Saison 1967/68 bis 1969/70, an 2006/07 huet se an der éischter Bundesliga gespillt. Mat 26 Saisonen an der 2. Bundesliga steet se do an der éiweger Tabell op der zweeter Plaz hanner Fortuna Köln.

Niwent dem Foussball gëtt et am Veräin nach Depatementer fir Badminton, Liichtathletik, Dëschtennis a Volleyball.

D'Volleyball-Damme spillen an der Saison 2008/09 fir d'éischt an der Bundesliga.

Déi 1. Badmintonequipe spillt an der Verbandsliga Süd II.