Alex Bodry
Den Alex Bodry gebuer den 3. Oktober 1958 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Politiker.
No senger Première am Escher Jongelycée huet den Alex Bodry zu Paräis op der Sorbonne Droit studéiert an dës Studien 1981 mat enger Maîtrise ofgeschloss. Hien huet sech doropshin als Affekot um Stater Barreau ageschriwwen.
Vun 1982 bis 1989 war hie Member vum Diddelenger Gemengerot.Hie gouf 1999 Éischte Schäffe vun Diddeleng, an 2004, nodeems de Mars Di Bartolomeo Minister gi war, Buergermeeschter vun där Stad. Hie gouf bei de Gemengewalen 2005 an 2011 a sengem Amt confirméiert.
1984 gouf den Alex Bodry op der Lëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt (bis 1989), an 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt. Zanter 1999 ass hie Vizepresident vun der LSAP-Chambersfractioun.
Tëschent 1989 an 1999 war hie Minister an de Regierunge Santer-Poos II an III, an och Juncker-Poos, zoustänneg fir d'éischt fir Landesplanung, Ëmwelt, Energie a Kommunikatioun, da fir Landesplanung, Turnen a Sport, Arméi a Jugend.
Zanter 2004 ass hie President vun der LSAP.
Den Alex Bodry huet eng Rëtsch Publikatiounen iwwer juristesch a verfassungsrechtlech Themen opweises.
Vun 2001 bis 2010 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme. Hien ass och Éierepresident vun der Association luxembourgeoise pour le droit de l'environnement.
Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.