Alexander Wilkens

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Alexander Friedrich Karl Wilkens, gebuer den 23. Mee 1881 zu Hamburg a gestuerwen de 27. Januar 1968 war en däitschen Astronom.

De Wilkens huet d'Gelehrtenschule des Johanneums zu Hamburg besicht an huet dann 1900 bis 1905 Mathematik, Physik an Astronomie zu Heidelberg, zu Kiel (beim Paul Harzer, Paul Stäckel, Philipp Lenard) an zu Göttingen (ë. a. beim Felix Klein, Hermann Minkowski a Karl Schwarzschild) studéiert. 1904 promovéiert hien zu Göttingen, wou hien och Assistent am Gauss-Archiv war. Duerno gouf hien Assistent am Observatoire vu Wien (Kuffnersche Sternwarte), Heidelberg (Éischten Assistent 1905/6), Hamburg, a vun 1908 bis 1916 Observateur am Kieler Observatoire beim Harzer.

1916 bis 1925 war hien Direkter vum Observatoire a Professer zu Breslau. 1925 gouf hie Nofolger vum Hugo von Seeliger als Direkter vum Universitéits-Observatoire München.

1934 gouf hie vun de Nationalsozialisten zum Récktrëtt gezwongen an ass no Argentinien ausgewandert, wou hie vun 1937 bis 1953 op der Universitéit an am Observatoire La Plata geschafft huet. Spéider ass hien nees zréck op München koum, wou hien als Professer Emeritus op der Universitéit geschafft huet.

De Wilkens huet sech mat der Himmelsmechanik befaasst, besonnesch Stéierungstheorien a Bunnbestëmmunge waren seng Gebidder. Als astronomeschen Observateur entdeckt hien eng Diskrepanz tëschent den an der nërdlecher a südlecher Hemisphär benotzten astronomeschen Deklinatiounssystemer.

1926 gouf hien uerdentleche Member vun der Bayerischer Akademie der Wissenschaften.

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie