Alexandre Wiltheim
Den Alexander oder Alexandre Wiltheim, gebuer den 3. Oktober 1604 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 15. Oktober 1684, war e Schrëftsteller an Historiker.
[änneren] Liewen
Hie war dat 10. Kand vum Jean de Wiltheim an der Marguerite Brenner vu Veianen. Wéi säi Brudder Jean-Guillaume gouf och den Alexandre Jesuit. Hien huet sechs Joer laang Rhetorik am Kolléisch dozéiert, wou e Rekter gouf, dat en dunn och sechs Joer, bis zu sengem Doud, war.
Den Alexandre Wiltheim huet op latäin, franséisch an och alt däitsch geschriwwen. Eng drësseg Wierker vun him si bekannt, dorënner en Theaterstéck (Vellio), dat seng Schüler 1638 gespillt hunn. Soss huet hie sech mat der Yolanda vu Veianen ofginn, mat theologesche Froen a mat Märtyrer. D'Wierk Viri illustres luxemburgenses ass vun him oder vu sengem Brudder Jean-Guillaume, dat konnt net erausfonnt ginn.
Säi gréisst Wierk ass Luxemburgum Romanum, dat awer eréischt 1842 vum Auguste Neyen publizéiert gouf. Verschidde vu senge Manuskripter si bis haut net verëffentlecht ginn.
Den Alexandre Wiltheim huet ausserdeem antik Mënze gesammelt.
Säi Gebuertshaus ass, dat haitegt Gebai vun der aler Dresdnerbank, um Krautmaart 26, rue du Marché aux Herbes, wou och eng Erënnerungsplack un hien a säi Brudder Jean Guillaume hänkt.
[änneren] Wierk
- August Neyen (Ed.): Wiltheim, Alexander: Luciliburgensia sive Luxemburgum Romanum, hoc est Arduennae veteris situs, populi, loca prisca ... iam inde a Caesarum temporibus Urbis adhaec Luxemburgensis incunabula et incementum investigata atque a fabula vindicata. Kuborn, Luxemburg 1841–1842
[änneren] Literatur
- Jean Krier (Archeolog), Edmond Thill & Raymond Weiller, Alexandre Wiltheim 1604-1684. Sa vie - Son oeuvre - Son siècle. Bilan d'une exposition , Musée d'Histoire et d'Art, Luxembourg; Lëtzebuerg, 1984.
- Jean Krier, Die letzten Lebensjahre Alexander Wiltheims und die Niederschrift der 'Luciliburgensia Romana' ; in: Le Luxembourg en Lotharingie / Luxemburg im Lotharingischen Raum - Mélanges Paul Margue / Festschrift Paul Margue ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1993; Ss. 339-344.
- Ch.M.T. (= Charles-Marie Ternes), Alexandre Wiltheim (1604-1684) ; in: Luxemburgensia aus Stadtbibliothek und Stadtarchiv Trier - Bibliophile Kostbarkeiten und wertvolle Archivalien aus 1000 Jahren erausgi vum Ulrich Lehnart; Stadbibliothéik Tréier, 2002; 264 Säiten; vgl. hei d'Ss. 112-115!
- Nicolette Brout, Alexandre et son frère Jean-Guillaume Wiltheim , historiens de leur région ; in: Humanités et humanisme dans la cité des Trévires , Akte vum internationale 'Colloque' (10.-11. Oktober 2003) am Stater Kolléisch, erausgi vun der Union latine , Paräis, 2004; Ss. 101-120. ISBN 92-9122-009-4