Alexandra vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Alexandra Joséphine Teresa Charlotte Marie Wilhelmine vu Lëtzebuerg, gebuer de 16. Februar 1991 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg ass Prinzessin vun Nassau a Prinzessin vu Lëtzebuerg.
Liewen [änneren]
Si ass dat véiert Kand an eenzeg Duechter vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa.
Si ass d'Giedel vum Prënz Gabriel.
D'Prinzessin Alexandra ass zënter 2009 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.
Studien [änneren]
No der Primärschoul zu Aangelsbierg huet si hier Sekundarstudien zu Lëtzebuerg am Lycée Vauban gemaach wou se 2009 den Ofschlossdiplom kritt huet.
Si ass zur Zäit amgaang Universitéitsstudien am Ausland a Psychologie a Sozialwëssenschaften ze maachen.