Alexandre Dumas (Jong)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Schrëftsteller Alexandre Dumas (1824-1895). Fir säi Papp mam selwechten Numm, deen och Schrëftsteller war, kuckt wgl. Alexandre Dumas (Papp).
Alexandre Dumas
Gebuer 27. Juli 1824
Paräis
Gestuerwen 27. November 1895
Marly-le-Roi
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Chaptal,
Lycée Condorcet
Aktivitéit Schrëftsteller, Dramatiker, Dramaturg
Member vun Académie française
Famill
Papp Alexandre Dumas
Kanner Colette Dumas

Den Alexandre Dumas (Jong), op franséisch Dumas fils, gebuer de 27. Juli 1824 zu Paräis a gestuerwen de 27. November 1895 zu Marly-le-Roi, war e franséische Romanschrëftsteller an dramateschen Dichter. Hie war den illegitime Jong vum Alexandre Dumas (Papp) an der Marie-Catherine Labay, enger Néiesch.

No engem Gedichtband (Péchés de jeunesse) huet den Dumas e Roman a 6 Bänn geschriwwen (Histoire de quatre femmes et d'un perroquet, 1847). Bekannt gouf e virun allem fit säi Wierk La dame aux camélias, dat e méi spéit an en Theaterstéck ëmgeschriwwen huet, an dat d'Virlag war fir dem Giuseppe Verdi seng Oper La Traviata. Aner Theaterstécker vun him, déi alleguer Gesellschaftsdrame waren, sinn Diane de Lys (1853), Le demi-monde (1855).

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Le roman d'une femme (1848)
  • Césarine (1848)
  • La dame aux camélias (1848, 1852 als Theaterstéck verschafft, 1853 vum Giuseppe Verdi als Virlag fir seng Oper „La Traviata“ geholl)
  • Le docteur Servans (1849)
  • Antonine (1849)
  • Trois hommes forts (1850)
  • Tristan le Roux (1850)
  • Diane de Lys (1851)
  • Les Revenants (1852)
  • Le régent Mustel (1852)
  • Contes et nouvelles (1853)
  • Sophie Printemps (1853)
  • La boîte d'argent (1855)
  • Vie à vingt ans (1856)
  • Le fils naturel (1858)
  • Père prodigue (1859)
  • L'ami des femmes (1864)
  • L'affaire Clémenceau (1864)
  • Le supplice d'une femme (1865)
  • Héloise Paranquet (1866)
  • Les idées de Madame Aubray (1867)
  • Une visite de noces (1871)
  • La princesse Georges (1871)
  • La femme de Claude (1873)
  • Monsieur Alphonse (1873)
  • L'étrangère (1877)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexandre Dumas (Jong) – Biller, Videoen oder Audiodateien