Alexandre Krieps

Vu Wikipedia
Alexandre Krieps
Gebuer 25. Juni 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Dokter
Partei Demokratesch Partei

Den Alexandre Krieps, gebuer de 25. Juni 1946 zu Guildford (GB) ass e lëtzebuergesche Politiker (DP).

Vu Beruff ass den Alexandre Krieps médecin-généraliste.

Hie war tëscht dem 13. Juli 1999 an dem 5. Juni 2004 an dann nees vum 10. Oktober 2006 bis de 7. Juni 2009 Deputéierten an der Chamber. Den 9. Oktober 2012 huet hien nees en Deputéierte-Mandat ugeholl, andeems e fir de Paul Helminger, deen opgehalen huet, noréckelt ass.[1] Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien erëmgewielt ginn.

Vun 1985 bis 1992 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de rugby. 2007 gouf hien erëm op dëse Poste gewielt, fir d'Nofolleg vum verstuerwene Jean-Philippe De Muyser z'iwwerhuelen.

Den Alexandre Krieps ass bestuet an huet 4 Kanner. Hien ass de Jong vum Emile Krieps.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chamber: Net C. Flesch, mä A. Krieps ersetzt Paul Helminger." RTL.lu - 11.07.2012, 10:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2012, 12:05.
  2. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004