Alexis Bouvard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alexis Bouvard, gebuer de 27. Juni 1767 zu Contamines a gestuerwen de 7. Juni 1843 zu Paräis war e franséischen Astronom.
Liewen a Wierken [änneren]
De Bouvard war Direkter vum Paräisser Observatoire an huet 8 Koméiten entdeckt. Hien huet ausserdeem d'Positioune vun de Planéiten Jupiter, Saturn an Uranus berechent. Tabellen vun der Uranusbunn hunn zu Diskrepanzen mat sengen Observatiounen gefouert. Doraus huet hien d'Existenz vun engem weidere Planéit geschloss, deen da mat dem Neptun fonnt gouf, a spéider dann och nach den Zwergplanéit Pluto.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Alexis Bouvard – Biller, Videoen oder Audiodateien |