Alfirk (Stär)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stärebild Cepheus (Kaart)

Den Alfirk ass de Stär β (Beta) Cephei am Stärebild Cepheus.

Den Alfirk ass de Prototyp vun der Klass pulsatiounsverännerleche Stären, der sougenannter Beta-Cephei-Stäre. D'Hellegkeet vum Alfirk schwankt mat enger Period vun 0,1904844 Deeg tëschent +3,15m an +3,21m. Hie gehéiert der Spektralklass B2 un an ass soumat e blolech liichtende Stär mat enger Uewerflächentemperatur vun ca. 14.600 Kelvin. Aus dësen Daten léisst sech berechnen, datt den Alfirk de 5,5 fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn huet. Hien ass ronn 230 Liichtjoer vun der Äerd ewech.

Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie