Alfred Andersch

Vu Wikipedia
Alfred Andersch
Gebuertsnumm Alfred Hellmuth Andersch
Gebuer 4. Februar 1914
München
Gestuerwen 21. Februar 1980
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Däitschland, Schwäiz
Educatioun Wittelsbacher-Gymnasium
Aktivitéit Prosaist, Novellist, Editeur, Journalist, Romancier, Dréibuchauteur
Member vun Gruppe 47, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste

Den Alfred Andersch, gebuer de 4. Februar 1914 zu München a gestuerwen den 21. Februar 1980 zu Berzona/Locarno, war en däitsche Schrëftsteller.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Alfred Andersch war de Jong vun engem Offizéier an huet eng Léier als Libraire gemaach. Mat 18 Joer hat hien eng Plaz beim kommunistesche Jugendverband aus Südbayern. Dowéinst gouf hien 1933 6 Méint am Konzentratiounslager Dachau agespaart.

Am Juni 1944 huet hien an Italien aus der Wehrmacht desertéiert an hien ass an amerikanesch Krichsgefaangeschaft komm.

1946 koum hien aus den USA an Däitschland zeréck, wou hien déi literaresch-politesch Wochenzeitung Der Ruf erausbruecht huet. 1947 gouf dës Wochenzeitung wéinst hiren zäitkritischen Artikele vun der amerikanescher Zensur verbueden.

Vun 1948 bis 1958 huet den Alfred Andersch bei verschiddenen Zäitschrëfte respektiv Radiostatioune geschafft, duerno war hie fräie Schrëftsteller an Auteur vun Héierstécker.

Vun 1958 bis zu sengem Doud huet den Alfred Andersch zu Berzona am Tessin gelieft.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Alfred Andersch huet ënner anerem follgend Bicher geschriwwen:

  • Sansibar oder der letzte Grund (1957)
  • Der Vater eines Mörders (1980)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfred Andersch – Biller, Videoen oder Audiodateien