Alfred Fowler

Vu Wikipedia
Alfred Fowler
Gebuer 22. Mäerz 1868
Yorkshire
Gestuerwen 24. Juni 1940
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Imperial College London
Aktivitéit Astronom, Physiker
Member vun Royal Society, International Astronomesch Unioun, Académie des sciences, National Academy of Sciences

Den Alfred Fowler, gebuer den 22. Mäerz 1868; a gestuerwen de 24. Juni 1940 war en engleschen Astronom.

De Fowler huet um Gebitt vun der Spektroskopie geschafft. Als ee vun den éischten huet hie festgestallt, datt Temperatur vun de Sonneflecken net sou héich ass wéi d'Regioune ronderëm.

Am Joer 1914 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society geéiert, an 1920 mat der Henry Draper Medal. 1934 krut hien och nach d'Bruce Medail zougesprach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]