Alfred Lamesch

Vu Wikipedia
Alfred Lamesch
Gebuer 19. Juli 1926
Gestuerwen 25. Januar 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

Den Alfred Lamesch, gebuer den 19. Juli 1926 zu Dummeldeng[1], gestuerwen de 25. Januar 2010,[2] war e lëtzebuergesche Kannerchirurg.[3]

Kannerchirurg[änneren | Quelltext änneren]

Säin Dokteschdiplom krut den Alfred Lamesch de 26. November 1957. Seng Spezialformatioun als Chirurg huet hien zu Hamburg an zu Würzburg gemaach, ier hie Chefassistent ff. an der Kannerchirurgie vun der Universitéit Zürich, an duerno chef de clinique chirurgicale infantile titulaire op der Universitéit vu Basel gouf.[3] Nodeem hien op Lëtzebuerg zeréckkomm war, ass hien 1966 als Chirurg an d'Clinique Dr. Bohler agetrueden.[1] Vum 10. Juli 1967 un huet hien an enger eegener Praxis an der Stad praktizéiert.[3]

Nodeem 1976 de Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) opgaange war, huet hien do de Service vun der Kannerchirurgie opgebaut; vun 1978 u war hie fest beim CHL als Kannerchirurg ugestallt. Parallel dozou huet hien zu Tréier vun 1972 bis 1980 de kannerchirurgesche Service vun der Kannerklinik St. Katharinen geleet.[1][3]

Professer a Member vun Akademien[änneren | Quelltext änneren]

1983 ass hie Professer fir chirurgesch Pathologie op der Universitéit vu Bréissel (ULB) ginn.[3]

Am Joer 1995 ass den Alfred Lamesch als membre étranger[4] an d'Académie royale de médecine de Belgique opheholl ginn.[5] De 27. Januar 2001 ass hie wéinst dem Erreeche vun der Altersgrenz vu 75 Joer[4] membre honoraire étranger ginn.[6]

Den Alfred Lamesch, deen och Member vun der franséischer Académie de chirurgie war, ass 1990 am CHL an d'Pensioun gaangen, huet awer nach bis 1998 an der Clinique Bohler praktizéiert,[1] grad wéi am Hôpital Princesse Marie-Astrid vun Déifferdéng.[3]

Den Alfred Lamesch huet eng ganz Rei vu medizinesche Publikatioune verfaasst, déi beim Henri Kugener opgelëscht sinn.[3] Hien huet sech och mat der Geschicht vun der Medezin beschäftegt a war ee vun deenen, déi gehollef hunn, de Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine vum Centre universitaire an d'Liewen ze ruffen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Durlet, R., 2010. Zum Tod von Dr. Alfred Lamesch: nicht nur im klinischen Bereich einer der Besten. Tageblatt 2010, Nr. 30 (5. Februar), S. 26.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort 2010, Nr. 23 (28. Januar), S. 51.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 3,6 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 910-911.
  4. 4,0 4,1 cf. Statute vun der Académie royale de médecine de Belgique, Artikel 8. [1]
  5. Lëtzebuerger Journal, 6. Dezember 1995, S. 3 (Neue Aufgabe für Dr. Alfred Lamesch).
  6. Académie royale de médecine de Belgique: Lamesch, Alfred Archivéiert op 2011-08-25. Gekuckt de(n) 2011-12-09.
  7. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn