Alfred Rosenberg

Vu Wikipedia
Alfred Rosenberg
Gebuer 12. Januar 1893
Tallinn
Gestuerwen 16. Oktober 1946
Nürnberg
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945
Aktivitéit Journalist, Architekt, Politiker, Schrëftsteller, Philosoph, Enseignant, Publizist, Nazi
Partei NSDAP

Den Alfred Rosenberg, gebuer den 12. Januar 1883 zu Talinn a gestuerwen de 16. Oktober 1946 zu Nürnberg, war en däitsche Publizist a Politiker.

Mat 25 Joer koum de geléierten Architekt zu München un an huet do eng grouss Aktivitéit géint de Bolschewismus, d'Weltjuddentum, d'Fräimaurer an d'Chrëschtentum lancéiert. Ganz fréi gouf hien e groussen Unhänger vum Adolf Hitler a vun 1921 u war hie fir de Völkischer Beobachter aktiv a gouf 1923 de Chefredakter dovun.

Vun 1934 un huet hien offiziell déi weltanschaulech Erzéiung vun der NSDAP geleet a vun 1941 u war hie Reichsminister für die besetzten Ostgebiete.

Hie war virun allem duerch säin Entworf vun der nationalsozialistescher Weltsiicht bekannt: "Der Mythus des 20. Jahrhunderts" (1930). Obwuel dat Wierk an der Partei ëmstridde war huet et eng Milliounenoplag erreecht an ass besonnesch duerch d'Oppositioun vun de Kierchen zu engem allgemengen nazi-ideologeschen Diskussiounsthema ginn. Dora fuerdert den Alfred Rosenberg, mam Sendungsbewosstsenn vum germaneschen Häremënsch, en anti-chrëschtlechen Neiopbau vu Staat a Relioun, souwéi déi däitsch Virherrschaft an der Welt.

Als Initiator vum Rassewahn gouf den Alfred Rosenberg bei den Nürnberger Prozesser zum Doud verurteelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alfred Rosenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien