Algiedi Secunda (Stär)

Vu Wikipedia

Den Algiedi Secunda (och Al Giedi, Algedi, arab: „d'Geess“ oder och „d'Kand“) ass den Numm vum Stär α Capricorni (Alpha Capricorni). Den Algiedi Secunda ass scho mat bloussem A ze trennen Duebelstär (Wénkelofstand 6,4') änlech wéi beim Mizar a beim Alcor. Allerdéngs sinn déi zwou Komponente vun Algiedi Secunda verschidde wäit ewech, et läit also en opteschen Duebelstär vir. De westleche vun deenen zwéi Stären ass de +4,2 mag. hellen Alpha1 Capricorni. Hie gehéiert zum Spektraltyp G3 Ib a läit 1500 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Den ëstleche vun deenen zwéi Stären ass de +3,6 m hellen Alpha2 Capricorni vum Spektraltyp G9 III, hien ass nëmmen 120 Liichtjoer vun eis ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Alpha1 Capricorni

Alpha2 Capricorni