Algirdas Brazauskas

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Algirdas Mykolas Brazauskas, gebuer den 22. September 1932 zu Rokiškis a gestuerwen de 26. Juni 2010 zu Vilnius, war e litauesche Politiker. Hie war vun 1992 bis 1998 Staatspresident vu Litauen, an dono vun 2001 bis 2006 Premierminister.

Den Algirdas Brazauskas huet um Polytechneschen Institut vu Kaunas Hydrotechnuk studéiert a gouf 1956 Beamten a Parteifonctionnaire an der Litauescher Sozialistescher Sowjetrepublik, resp. der Kommunistescher Partei vu Litauen.

1988 gouf en Éischte Sekretär vun der litauescher KP. Ënner senger Féierung huet d'Kommunistesch Partei vu Litauen sech an Demokratesch Aarbechterpartei vu Litauen ëmbenannt a sech vu Moskau distanzéiert.

No der Onofhängegkeet vum Land gouf de Brazauskas, bei de Parlamentswale vum 25. Oktober 1992, zum President vum litauesche Parlement gewielt an esou de 25. November Staatspresident ad interim. De 14. Februiar 1993 gouf e mat 60,2% vun de Stëmmen an der allgemenger Wal zum Staatspresident gewielt.

Tëscht 2001 an 2006 war hien nach eng Kéier Premierminister.

Commons: Algirdas Brazauskas – Biller, Videoen oder Audiodateien