Ali Ruckert

Vu Wikipedia
Ali Ruckert
Gebuer 13. September 1954
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei KPL

Den Ali Ruckert, gebuer den 13. September 1954 zu Déifferdeng,[1] ass e lëtzebuergesche Politiker a Journalist. Hie gouf 1995 Chefredakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an 1999 President vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL).

Den Ali Ruckert huet säi Secondaire am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht gemaach. Seng berufflech Karriär huet hien als Journalist an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, der Zeitung vun der KPL, ugefaangen. Vun 1978 bis 1980 war hien dräi Joer Korrespondent vun der Zeitung zu Moskau an huet gläichzäiteg Ekonomie- a Philosophiecoursen op der Internationaler Lenin-Schoul beluecht.[2]

Ier den Ali Ruckert President vun der KPL gouf, war hie Member vum Zentralkommitee a vum Exekutivkommitee vun der Partei.

Hie war vun 2011 bis 2023 Member vum Gemengerot vun Déifferdeng.

Den Ali Ruckert ass bestuet a Papp vun enger Duechter.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil I: 1921-1946, 176 Säiten, Lëtzebuerg, KPL, 2006
  • Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil II: 1947-1954, 176 Säiten, Lëtzebuerg, KPL, 2007
  • Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil III: 1955-1960, 176 Säiten, Lëtzebuerg, KPL, 2010

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ali Ruckert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial C — N°1832 vum 30. September 2006, S. 87895
  2. Laboulle, Luc: "Zum letzten Gefecht." in: d'Lëtzebuerger Land 70. Jg. Nr.26, 30.06.2023, S.6.
  3. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn