Alija Bešić
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alija Bešić, gebuer den 30. Abrëll 1975 zu Zavidovići (Bosnien-Herzegowina), ass e lëtzebuergesche Foussballspiller. [1]
Tëschent dem 23. Februar 2000 an dem 17. November 2004 huet hien 29 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt. [2]
Hien huet vun 1994 bis 2004 fir d'Union Lëtzebuerg gespillt a war duerno bis 2006 beim Swift Hesper. Vun 2006 bis 2008 war hie beim CS Péiteng an duerno vun 2008 un bäi der CS Fola Esch.