Alliance internationale de tourisme

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Erënnerungsplack um Casino Lëtzebuerg.

D'Alliance internationale de tourisme, kuerz AIT, op Englesch International Touring Alliance, ass den eelsten Daachverband vun den Automobilsclibb an den Touring-Clibb mat Sëtz zu Genf an der Schwäiz. Am Joer 2002 hat d'AIT 140 Memberveräiner an 101 Länner.[1]

D'Alliance internationale de tourisme gouf de 4. August 1898 zu Lëtzebuerg am Casino Luxembourg ënnert dem Numm Ligue internationale des associations touristes (L.I.A.T.) gegrënnt.[2] Den 30. Mee 1919 gouf d'Organisatioun op den haitegen Numm ëmbenannt.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen an Notten [änneren]

  1. Cf. www.aitgva.ch, besicht de 5. Abrëll 2012.
  2. Eng Erënnerungsplack gouf den 21. August 1938 un der Nordfassad vum Casino ubruecht.