Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa (Partei)

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
Rue Montoyer 31
1000 Bréissel
Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 26. Mäerz 1976: als Federatioun vu
Liberalen an Demokratesche
Parteien an Europa
30. Abrëll 2004: Europäesch Liberal
Demokratesch a Reformpartei
Ausriichtung: liberal
Fraktioun: Fraktioun Erneier Europa

(Renew Europe)

Faarf: Blo a Gold
Websäit: www.aldeparty.eu

D'Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa (en.: Alliance of Liberals and Democrats for Europe Party; fr.: Alliance des libéraux et des démocrates pour l'Europe; de.: Allianz der Liberalen und Demokraten für Europa; kuerz ALDE) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si setzt sech aus iwwer 50 europäesche liberale Parteien zesummen, dorënner der lëtzebuergescher DP, de brittesche Liberal Democrats an der däitscher FDP.

Si gouf de 26. Mäerz 1976 zu Stuttgart als Federatioun vu Liberalen an Demokratesche Parteien an Europa gegrënnt. 2004 gouf se dunn ënner dem Numm Europäesch Liberal, Demokratesch a Reformpartei och als Europapartei gegrënnt. Zënter dem 10. November 2012 huet si hiren aktuellen Numm.

Am Europaparlament ass d'ALDE-Partei zënter 2019 en Deel vun der Fraktioun Erneier Europa (Renew Europe), déi si zesumme mat der Europäescher Demokratescher Partei an aneren nationale Parteie bilt. 2019 hat déi Fraktioun hat am Juli 108 Deputéiert (14,38 %) am Europaparlament.[1] Nom Brexit, wéi déi brittesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verluer hunn, waren et der 101.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. European Parliament: 2019 - 2024 (2. Juli 2019)