Allotropie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Allotropie ass d'Eegeschaft vu verschiddenen chemeschen Elementer fir am selwechten Aggregatzoustand an zwou oder méi Strukturformen (Allotropen) z'existéieren, déi sech physikalesch a wat hir chemesch Reaktivitéit ubelaangt ënnerscheeden. Bei ënnerschiddlechen Isotoper schwätzt een net vun enger Allotropie.
Beispiller [änneren]
- Kuelestoff kënnt net nëmmen als faarflosen, extrem haarden Diamant vir, dee keen elektresche Stroum leed, mee ënner anerem och als schwaarzen, mëlle Graphit, deen de Stroum leed.
- De Sauerstoff an der Otemloft (O2 „Disauerstoff“) huet kee Geroch an ass liewesnoutwenneg, wougéint den Ozon (O3) stiechend richt a schonn a klenge Mengen (>100 ppb) gesondheetsschiedlech ass.